arrow_back_ios
CD-Klassik
Englesch Romantik
De Ludwig van Beethoven war begeeschtert vum Cipriani Potter sengem Talent. Den englesche Museker war 1817 op Wien gereest, well en an England keng Méiglechkeet méi gesinn hat, musikalesch weiderzekommen. Zwee Joer Wien hunn aus dem Potter ee gestanene Komponist, Pianist an Dirigent gemaach, deen zu London eng wichteg Roll am Museksliewen sollt spillen. Elo huet de BBC National Orchestra of Wales eng Partie symphonesch Wierker vum Cipriani Potter opgeholl.