Panorama
Panorama
D'EU huet weider Sanktioune géint Belarus decidéiert. Ënner anerem soll de Loftraum an der EU fir Flugesellschaften aus Belarus gespaart ginn
Zu Lëtzebuerg suergt déi geplangten Aféierung vun engem "Transparenzregester" fir Meenungsdivergenzen bei de Koalitiounspartner
Den US President Joe Biden wëll haut Familljemembere vum George Floyd begéinen. Et ass genee ee Joer hier, datt den Afro-Amerikaner bei engem Police-Asaz zu Minneapolis ëm d'Liewe koum
Malta huet als éischt EU Land eng Herdenimmunitéit géint de Coronavirus erreecht, sou d'Regierung
USA hu wéinst Covid-19 eng Reeswarnung fir Japan erausginn
Am westafrikanesche Land Mali wieren Iwwergangspresident Bah N'Daw an de Premier Moctar Ouane vun Zaldote festgeholl ginn, sou Noriichtenagencen