Klassik aktuell
Occam Océan am MUDAM
Occam Ocean ass eng Serie vu Kompositioune vun der Éliane Radigue. Laang doheem am Beräich vun der elektronescher Musek, ass dëst experimentellt Wierk vun der franséischer Musekerin reng instrumental. E Mëttwoch (26.05) ginn am MUDAM dräi Deeler aus Occam Ocean an de Kontext vun der Ausstellung "joints, voids and gaps" vun der Leonor Antunes gesat.
De Luc Boentges huet mat den zwou Interpretinnen Carol Robinson an Hélène Breschand geschwat, fir méi iwwer dëst besonnescht Wierk gewuer ze ginn.