Klassik aktuell
Net just "The Planets"
E Komponist, e Wierk - dacks steet eng Musek emblematesch fir e Komponist wéi de Boléro fir de Maurice Ravel oder d'Symphonie aus der Neuen Welt fir den Antonin Dvorak. Mee opgepasst - une oeuvre peut en cacher beaucoup d'autres - an dat gëllt apaart och fir de Gustav Holst. Den Holst gëtt mat senger Suite "The Planets" als de musikalesche Stärekuckert consideréiert, mee de passionéierten Trombonist, deen de 25. Mee 1935 zu London gestuerwen ass, huet vill méi kompositoresch Facetten.