arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng Promenade mat der Andrea Kauten
Et gi Pianisten, déi sech an hirem Spill éischter zeréckhalen an doduerch eng seele Sensibilitéit zum Ausdrock bréngen. An da gëtt et déi, déi mat vill Kraaft schaffen. D'Pianistin Andrea Kauten schafft op hirem neien Disque "Promenade" och éischter mat vill Kraaft, mee graff gëtt et ni, ganz am Géigendeel: D'Pianistin bréngt et fäerdeg, an engem Programm mat Chopin a Mussorgsky Kraaft a Sensibilitéit ze kombinéieren. De Manuel Ribeiro huet dës Produktioun iwwerzeegt.