arrow_back_ios
CD-Klassik
Variéiert Variatiounen
Ronn 50 Komponisten huet de Publizist Anton Diabelli gefrot, fir eng Variatioun iwwer en Thema vun him ze schreiwen. Wärend et de Ludwig van Beethoven mat 33 Variatiounen e bëssen iwwerdreift an domat dee ganzen éischte Band vum Diabelli senger Publikatioun fëllt, sinn all déi aner Komponisten am zweete Band regroupéiert. Dorënner och de Franz Xaver Mozart, de Jong vum Wolfgang Amadeus. De Pianist Andriy Dragan stellt dës Mozart-Diabelli-Variatiounen nieft sechs aner Variatiounen a publizéiert se op engem Disk bei Claves Records.