arrow_back_ios
CD-Klassik
Concerti particolari
Den Titel an och de Cover mam barocken Här mat Brëll, deen op engem Geessebock - och mat Brëll - sëtzt, verrode schonn, datt hei net just ëm aussergewéinlech Musek mee och ëm grad esou besonnesch Interpretatioune geet. Mat senge Sträicherconcerti ouni Solisten huet den Antonio Vivaldi gären experimentéiert, mat Kläng an anere kompositoresche Raffinessen seng Nolauschterer ëmmer nees iwwerrascht, déi aus senger Zäit an och dacks nach déi vun haut. Den Enrico Onofrio an d'Academia Montis Regalis hunn elo eng Partie där Concerti opgeholl.