Panorama
Panorama
Spionage an Dänemark: Den dänesche Geheimdéngscht soll den USA gehollef hunn, europäesch Politiker aus ze spionéieren - dat huet den däneschen ëffentlech-rechtleche Radio gemellt
Digitaliséierung zu Lëtzebuerg: Fir en Haus ze kafen, oder eng Firma ze grënnen, sollen déi notarial Akten an Zukunft digital ënnerschriwwe ginn
Eng israelesch Regierung ouni de Benjamin Netanjahu: Dat deit sech ëmmer méi un, well d'Ultra-Nationalisten sech bereet erkläert hunn, an eng Koalitioun mat der Oppositioun ze goen
Klimaschutz a Klimagerechtegkeet wäerten an Zukunft op ville Plaze viru Geriicht ageklot ginn. Dovunner ass de Jurist vun der Uni Lëtzebuerg Herwig Hofmann iwwerzeegt, nom rezenten Urteel iwwer de Pëtrolsproduzent Shell
Wéinst méiglechem Bedruch a Corona-Teststatiounen an Däitschland kënnt de Gesondheetsminister Jens Spahn de Moie mat de Gesondheetsministeren aus de 16 däitsche Länner zesummen
Am Süd-Weste vu Frankräich an der Dordogne sichen Honnerte Poliziste weider no engem schwéier bewaffente fréieren Zaldot, dee sech an engem Bësch verschanzt huet
Bei de Parlamentswalen an der Republik Zypern huet déi konservativ Regierungspartei DISY gewonnen
Am nationalen Futtball ass d'Fola Esch Champion
Am Tennis zu Roland Garros gouf den Éisträicher Dominic Thiem, Nummer 4 op der Welt, an zwee mol Finalist, am éischten Tour eliminéiert