CD-Klassik
Derwäert, entdeckt ze ginn
Polen hat an der Romantik net just de Frederyk Chopin gehat. Och vill aner, leider vergiesse Komponisten, goufen a Pole gebuer a sinn duerch ganz Europa gereest, ouni hir polnesch Wuerzelen an der Musek ze vergiessen. Esou ass et och dem Michal Bergson gaangen, deen aus enger bekannter polnescher Famill kënnt, an där Kultur an Handel ëmmer wichteg waren. De Philharmoneschen Orchester vu Posen proposéiert elo e klenge Florilège vu Stécker aus ënnerschiddleche Gattungen: Pianosconcerto, Solostécker, eng Arie fir Sopran an och e Stéck fir Klarinett an Orchester no der Oper "Luisa di Montfort". De Manuel Ribeiro ass vum Disque iwwerzeegt.