CD-Klassik
Dem Harnoncourt seng Ierwen
Nom Doud vum Nikolaus Harnoncourt am Joer 2016 hät e kéinte mengen, et wier och eriwwer mam Concentus Musicus Wien, deen Ensemble, deen den Harnoncourt sengerzäit gegrënnt hat, fir Al Musek op historesch korrekt Manéier ze spillen. De Projet Concentus Musicus ass net gestuerwen, mee nach ëmmer ganz monter. De Stefan Gottfried huet d'Baguette iwwerholl a fiert do weider, wou den Harnoncourt den Ensemble iwwert d'Joren bruecht hat - an de klassesch-romantesche Répertoire. Op där rezenter Produktioun héiere mer Symphonië vum Joseph Haydn a vum Franz Schubert.