CD-Klassik
Start vun enger Intégrale
Wien am Iwwergang vum 18. an d'19. Joerhonnert - do denkt een u Joseph Haydn a Ludwig van Beethoven, net direkt un de Paul Wranitzky. Dobäi huet deen tschechesche Komponist eng wichteg Roll am Wiener Museksliewe gespillt. Grad wéi den Haydn war de Wranitzky bei der Famill Esterhazy engagéiert. Hie war Konzertmeeschter an der Wiener Hofoper a Chef vum Kärntertortheater. De Paul Wranitzky huet Symphonië komponéiert, wéi de Joseph Haydn schonn opgehalen an de Beethoven nach net ugefaangen hat. Elo huet den Orchester vu Pardubice eng Intégrale vum Paul Wrantizky senger Orchestermusek lancéiert.