Panorama
Panorama
Zeréck an d'Normalitéit: Am Escher Spidol CHEM leeft de Betrib nees bal wéi virun der Pandemie, sot den Direkter René Metz am 100,7 Interview
Deen éischte Lëtzebuerger Supercomputer ass lancéiert: De MeluXina gouf zu Biissen offiziell ageweit
Méi Impfstoff fir déi manner entwéckelt Länner: D'Unicef an d'Weltgesondheetsorganisatioun maachen en dréngenden Appell un d'G7 Länner
Attack a Kanada: En Automobilist ass an eng moslemesch Famill gerannt. Véier Familljemembere koumen ëm d'Liewen
US-Vize-Presidentin Kamala Harris a Guatemala: "Kommt net an d'USA", esou hire Message u Migranten, déi probéieren aus Guatemala an d'USA ze kommen
No der rezenter Hackerattack op déi amerikanesch Colonial Pipeline ass et dem FBI gelongen, e groussen Deel vun de 4,4 Milliounen Dollar Erpressungssuen nees zeréckzekréien
Grousse Coup géint déi international organiséiert Kriminalitéit: Honnerte Krimineller wiere weltwäit verhaft ginn no enger Police-Aktioun, déi dräi Joer gedauert huet
A Sachsen-Anhalt stinn déi Gréng net méi fir eng Koalitioun mat der CDU an SPD zur Verfügung
A Peru gëtt et e Revirement beim Ausziele vun de Walbulletine vum zweeten Tour vun de Presidentewalen. De Kandidat vum lénke Bord, Pedro Castillo, läit elo virun där riets-populistescher Keiko Fujimori