arrow_back_ios
CD-Klassik
Spill mat Klangfaarwen
"Dëst ass eent vu menge Wierker, dat am meeschte melodiéis ass", seet den hollännesche Komponist Willem Jeths iwwer seng Requiem-Vertounung. Seng Reflektioun iwwer den Doud, awer och d'Liewe schléit d'Bréck tëschent der Traditioun an der Modernitéit. De Willem Jeths spillt vill mat Klangfaarwen a setzt dobäi och emol op ausgefalen Instrumentatiounen - am Fall vum Requiem sinn et zum Beispill eng Blockflütt an ee breede Set u Perkussiounsinstrumenter.