Klassik aktuell
En neien Ensembel
Den Nouvel Orchestre Symphonique presentéiert sech dem Publikum eng éischte Kéier e Samschdeg (19.06) zu Märel an der Kierch an e Sonndeg an der Kierch um Belair. Dirigéiert a gegrënnt vum Thomas Raoult, proposéiert dësen neien Ensembel Wierker vun de Komponisten W.A. Mozart, S. Mercadante an P.I. Tschaikowksi.
Nieft dëse musikalesche Bonbonen steet och Schockela um Programm. De Luc Boentges huet mam Thomas Raoult iwwer dësen neien Ensembel a säi Konzept geschwat.