CD-Klassik
D'Legende vun enger Harf
2014 gewënnt d'Harfenistin Coline Jaget den éischte Präis beim Concours international Lily Laskine. Do war si 22 Joer jonk. Dat Joer drop schléisst si hir Studien um Conservatoire de Paris of. De Goût fir d'Harf krut d'Coline Jaget vun hirer Mamm, déi selwer Harfenistin war. Zanterdeem huet d'Musikerin mat villen Orchestere gespillt, Kammermusek gemaach an och en Disk erausbruecht ënner dem Titel "Legends", mat deem si eis an déi mystesch Welt vun de Märercher mathëlt. Um Programm sti virun allem Komponisten aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.