CD-Klassik
Nom Bruckner de Brahms
An deene leschte Jore waren de Gerd Schaller an d'Philharmonie Festiva op engem Bruckner-Trip: sämtlech Symphonië vum Anton Bruckner mat Bléck op den 200. Gebuertsdag vum Komponist am Joer 2024. Elo huet den Dirigent en neie Fokus: de Johannes Brahms. "Er ist der Brahms - allen Respekt! Ich bin der Bruckner; meine Sachen sind mir lieber.", sot de Bruckner iwwer de Johannes Brahms. De Gerd Schaller mécht keen Ënnerscheed a senge Preferenzen. Mat därselwechter Intensitéit, mat demselwechten Engagement, mat deem hien dem Anton Bruckner seng Musek interpretéiert, geet en och elo un de Johannes Brahms erun.