CD-Klassik
Kammermusek vum Symphoniker
Beim Anton Bruckner denkt een selbstverständlech fir d'éischt emol un d'Symphonien, da kënnt déi sakral Musek, an duerno si mer bei deene ville Wierker, déi dacks ënnerschloe ginn. Duerzou gehéiert och dem Bruckner seng Kammermusek - apaart de Sträichquartett an de Sträichquintett. Villes vun deem, wat een am Bruckner senge Symphonien héiert, fënnt een och an der Kammermusek, an duerfir ass déi nei Produktioun mam Ensemble Altomonte e gutt Beispill.