CD-Klassik
Mahler als Label-Debut
Virun engem Mount huet déi Bayresch Staatsoper hiren eegene Label lancéiert. D'Haus ënnersträicht domadder seng kënschtleresch an och editorial Onofhängegkeet, sot den Nikolaus Bachler, den Intendant vun der bayrescher Staatsoper. Den Orchester vum Haus signéiert als Bayresche Staatsorchester an huet sech een ambitiéise Startprogramm fir den neie Label virgeholl: "Die tote Stadt" vum Erich Wolfgang Korngold, "Der Rosenkavalier" vum Richard Strauss, dem Ludwig van Beethoven seng 2. Symphonie. Als alleréischten Disk vum Label BSO Recordings koum eng Opnam vum Gustav Mahler senger 7. Symphonie eraus.