CD-Klassik
Magical Memories
Si stoung schonn e puer mol op der Bün vun der Philharmonie um Kierchbierg, ënner anerem als Solistin beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. D'Tine Thing Helseth ass eng aussergewéinlech Musekerin, déi e grousse Sënn fir Humor huet. Dat beweist si zum Beispill mat hirem Brass-Ensembel, deen nëmmen aus Damme besteet. Mat hirem neien Disk "Magical Memories" versetzt d'Trompettistin eis, zesumme mam Organist Kare Nordstoga, an déi herrlech Akustik vun der Kathedral vun Oslo mat Stécker aus dem Barock, Traditionellem a Stécker vu skandinavesche Komponisten. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.