arrow_back_ios
CD-Klassik
Cadenza
Wann ee bei engem Cellosconcerto den Orchester ewechhëlt, da bleift näischt méi? Reng mathematesch stëmmt dat net - mir hunn nach ëmmer den Cello. Mee och am iwwerdroene Sënn entsteet kee Vide - dat ënnermauert d'Cellistin Sonia Wieder-Atherton op hirem neien Disk "Cadenza". Si spillt Boccherini-Concerti an enger minimalistescher Besetzung mat fuschneie Kadenzen.