Klassik aktuell
D'Kammermusiktage Mettlach
Zanter 2019 ass d'Geiistin Franziska Hölscher kënschtleresch Directrice vun de Kammermusiktage Mettlach. An och dëst Joer huet d'Musekerin sech net decouragéiere gelooss an en usprochsvolle Programm fir d'Editioun 2021 zesummegestallt. Wéi gewinnt sti grouss Nimm vun der Kammermusek op der Affiche, mee och jonk Talenter sollen zu Wuert kommen. De Manuel Ribeiro huet mat der Franziska Hölscher geschwat.