CD-Klassik
De jonke Genie Mendelssohn Bartholdy
Déi zwielef Sträichersinfonië vum Felix Mendelssohn Bartholdy goufen an de Joren 1821 bis 23 vun engem Bouf, deen dunn tëschent 12 a 14 Joer war, geschriwwen. De jonken Talent konnt sech domat um Terrain vun deene klenge Sinfonien ausprobéieren. An och de Geieconcerto en re mineur hat de Mendelssohn am Alter vun 13 Joer geschafen, eng Partitur, déi laang verluer war an am 20. Joerhonnert mam Yehudi Menuhin de Wee op d'Bün fonnt huet.
Den CD-Tipp vum Remy Franck