CD-Klassik
Mozart²
Datt de Sebastian Bohren e Perfektionist ass, mierkt ee séier am Gespréich. An engem 100,7-Interview beschreift de Museker dem Johann Sebastian Bach seng Wierker fir Gei als dat Aalt Testament vu sengem Instrument. Et wiere Wierker, déi een iwwer Joerzéngte spillen an esou dru wuesse kéint.
Wéi et schéngt iwwerdréit sech dat fir de Sebastian Bohren och op de Wolfgang Amadeus Mozart. Nodeems hien dem Komponist seng Geieconcertoen Nummer 3 a 5 well eng Kéier opgeholl hat, decidéiert hien 2020 de Projet op en Neits ze lancéieren, well hie mat senger Performance op der éischter Opnam net zefridde war. Mam Orchester schéngt hien allerdéngs glécklech gewiescht ze sinn, well och op der zweeter Opnam sinn d'CHAARTS Chamber Artists nees ze héieren. De Luc Boentges huet an dësen zweeten Album eragelauschtert.