CD-Klassik
E Concert ouni Orchester
"Concert sans orchestre" ass e Wierk vum Robert Schumann an och d'Häerzstéck vum neien Disk vun der Pianistin Elena Kolesnitschenko. Den Titel vum Disk verréit, datt de Piano net just als Piano déngt, mee e gëtt hei iwwer seng üblech Funktioun eraus thematiséiert. Den Disk ass eng reegelrecht Demonstratioun vun der Pianistin hirer Flexibilitéit an deenen diversen Epochen a Genren hin an hier ze sprange mat Saint-Saëns, Mozart, Skjabin, Bach a Schumann.
De Manuel Ribeiro huet an den Disk eragelauschtert.