CD-Klassik
Lost Times
"Die Musik des Impressionismus und der späten Romantik war für mich als Fagottist schon immer ein Objekt der Sehnsucht", schreift den Theo Plath am Booklet vu sengem aktuellen Album "Lost Times". Dësen Titel "Verlueren Zäit" kann een an deem Sënn verstoen, datt an dësen Epoche kaum eppes fir de Fagott als Solo-Instrument geschriwwe gouf. Dofir stéisst sech den Theo Plath d'Dieren an d'Romantik an an den Impressionismus mat eegenen Arrangementer selwer op. Eng gelongen Approche, mengt de Luc Boentges.