CD-Klassik
Ravel a Bizet
De franséische Repertoire ass net dee Repertoire, deen den däitschen Orchesteren am meeschte läit. D'Nordwestdeutsche Philharmonie huet elo en Disk mat Ravel a Bizet erausginn. Nieft dem Pianoconcerto a sol vum Ravel a senger "Pavane" ass och déi eenzeg Symphonie vum Georges Bizet ze héieren. D'Pianistin Uta Weyand iwwerzeegt, och wann den Orchester net ëmmer exakt ass. Dem Dirigent Yves Abel seng Lecture vun de Partituren kënnt am beschten eriwwer, mengt de Manuel Ribeiro.