CD-Klassik
Prokofjew a Mjaskowski
De Sergei Prokofjew an den Nikolai Mjaskowski waren net nëmmen Zäitgenossen aus deem selwechte Land, mee och gutt Frënn. Zesummen hu si materlieft, wéi hir Musek fir d'éischt gefeiert an duerno vum Joseph Stalin a senger Politik veruecht gouf. Zwee Wierker vun dëse Komponisten aus der fréierer Sowjetunioun hunn den Olso Philharmonic Orchestra an den Dirigent Vasily Petrenko op hirem neien Album rassembléiert. Um Programm stinn dem Sergei Prokofiev seng sechst Symphonie an dem Nikolai Myaskovsky seng 27. De Luc Boentges huet den Disque gelauschtert.