CD-Klassik
Virtuosi
Concertare heescht näischt anescht wéi diskutéieren, Argumenter austauschen. Dat geschitt a ville Liewensberäicher, wou sech "concertéiert" gëtt, dat geschitt awer och an der Musek - am Concerto. Eng besonnesch Form ass de Concerto fir méi Solisten, wou et da musikalesch och emol scho méi virtuos hin an hier geet. Grad an der Barockmusek hat dëse Genre Héichkonjunktur, well et a villen Hofkapellen exzellent Museker gouf. De J.S. Bach huet vun dësen Ëmstänn profitéiert a sech och an dësem Genre als e Meeschter vum Fach erwisen. Den Thüringer Bach-Collegium huet elo eng Rei där Solo-Concerti opgeholl.