CD-Klassik
Divertissement
"Tout compositeur appelant une pièce 'divertimento' doit être conscient de la double personnalité du terme: s'agit-il d'une œuvre sérieuse ou non?", notéiert den amerikanesche Komponist Michael Ippolito, dee selwer fir dës Produktioun een Divertimento geschriwwen huet. D'Fro ass deemno gestallt. Kréie mer liicht, belanglos Musek ze héieren, déi grad esou oninspiréiert gespillt gëtt? Oder kréie mer de Beweis geliwwert, datt "la musique n'a pas à être sérieuse pour être prise au sérieux", fir nach emol de Michael Ippolito ze zitéieren. Den c/o chamber orchestra liwwert eng kloer Äntwert, fënnt de Remy Franck.