CD-Klassik
Eng Wiener Violone am Mëttelpunkt
Bënner, déi den Hals vum Instrument ënnerdeelen a fënnef Säiten huet d'Wiener Violone. Dëst Instrument ass ee vun de Virgänger vum moderne Kontrabass a war ëm 1760 souwuel beim Publikum, wéi och bei de Museker a Komponiste beléift. Haut kënnen allerdéngs nëmme méi wéineg Leit eppes mam Begrëff Wiener Violone ufänken. Ännere wëllt dat d'Isaline Leloup. Op hirem aktuellen Album presentéiert si d'Solo-Qualitéite vun hirem Instrument an dräi ganz verschiddene Wierker.