Klassik aktuell
"Das Wandern ..."
Sangen an Trëppelen - dat sinn zwee héichromantesch Theemen, déi och a ville Vollekslidder hiren Nidderschlag fannen. Wie gäre séngt an dobäi och nach de Mëllerdall entdecke kann, muss kee grousse Museker sinn an och net all Schubert-Lied auswenneg kennen. Den Institut Européen de Chant Choral (INECC) adresséiert sech mat senger Initiativ "Sangen an der Natur" u jiddwereen, dee frësch Loft, Gesellegkeet a Musek schätzt. En nächste Samschdeg (17. Juli 2021) geet et an de Mëllerdall op Bäerdrëf.