Klassik aktuell
"Gewaltig viel Noten, lieber Mozart"
"Zu schön für unsere Ohren und gewaltig viel Noten, lieber Mozart.", sot de Keeser Joseph II. no der Première vum Mozart senger neier Oper "Die Entführung aus dem Serail". De Succès vum Singspiel war vun der Première am Wiener Burgtheater, de 16. Juli 1782, un enorm. Bis haut gehéiert d'"Entführung" zu deene populäersten Operen am Repertoire, e Succès, vun deem hire Komponist finanziell ni profitéiere konnt.