CD-Klassik
Frënd vun Haydn, Mozart a Beethoven
Wéi vill Museker am 18. an 19. Joerhonnert ass och de Paul Wranitzky aus senger mährescher Heemecht fortgaangen an huet sech zu Wien etabléiert, wou hien eng vun deene bedeitendste Musekerperséinlechkeeten an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert war. De Wranitzky war Chef vun der Hofoper a stoung am Déngscht vun der Famill Esterhazy, grad wéi de Joseph Haydn, mat deem de Wranitzky gutt Mann war. Gutt Relatiounen hat hien och mat Mozart a Beethoven, déi him awer net gehollef hunn, iwwer säin Doud eraus als Komponist reegelméisseg gespillt ze ginn. Den Orchester vu Pardubice an den Dirigent Marek Stielec huelen dat elo op Disk no.