CD-Klassik
D'Westdeutsche Sinfonia spillt Beethoven
D'Westdeutsche Sinfonia Leverkusen setzt sech zesummen aus Museker vun zéng Orchesteren an Nordrhein-Westfalen. Gegrënnt gouf den Ensemble 1987, an en hat säin Debut 1991 am Wiener Musikverein ënner der Direktioun vum Dirk Joeres. Elo huet den Orchester d'Symphonien Nr 5 an Nr 7 vum Ludwig van Beethoven opgeholl. Derbäi ass och en DVD mat Erklärunge vum Dirk Joeres zu béide Symphonië. Et ass e weideren Disk mat Beethoven-Symphonien, deen awer an deem immens groussen Diske-Katalog net ze vill ass, mengt de Manuel Ribeiro.