CD-Klassik
L'âge d'or
" L'esprit de cette Venise baroque où la musique est partout, des temples aux salons en passant par les chambres, rues, théâtre, canaux, navires et jardins ", notéiert d'Geiistin Marianne Piketty iwwert de roude Fuedem vun hirem neien Album zesumme mam Ensemble "Le Concert idéal". 2013 huet déi franséisch Musekerin den Ensemble gegrënnt - speziell fir d'Interpretatioun vum Barockrépertoire, dee just eng Facette vun der Marianne Piketty hirer Versalitéit ass: Dëst Joer krut se eng "Victoire de la Musique" fir den Disque "L'heure bleue" mat Musek vun der Hildegard von Bingen, vum Philippe Hersant a vum Dmitri Schostakowitsch. Den Album "Lâge d'or" kéint d'nächst Joer bei de "Victoires de la Musique" derbäi sinn.