CD-Klassik
L'âge d'or
"L'esprit de cette Venise baroque où la musique est partout, des temples aux salons en passant par les chambres, rues, théâtre, canaux, navires et jardins", notéiert d'Geiistin Marianne Piketty iwwer de roude Fuedem vun hirem neien Album zesumme mam Ensembel Le Concert idéal. 2013 huet déi franséisch Musekerin den Ensembel gegrënnt - speziell fir d'Interpretatioun vum Barockrepertoire, dee just eng Facett vun der Marianne Piketty hirer Versalitéit ass: Dëst Joer krut si eng Victoire de la Musique fir den Disk "L'heure bleue" mat Musek vun der Hildegard von Bingen, vum Philippe Hersant a vum Dmitri Schostakowitsch. Den Album "Lâge d'or" kéint d'nächst Joer bei de "Victoires de la Musique" derbäi sinn.
Eise klasseschen Disk vun der Woch