CD-Klassik
Ierwe vun der romantescher Traditioun
Am spéiden 19. Joerhonnert entwéckelt sech d'Musek an Ungarn an zwou Richtungen: fir de Schrëtt an nei Klangwelte stinn de Zoltan Kodaly an nach méi de Bela Bartok, de Bléck op déi romantesch Traditioun halen den Ernst von Dohnanyi an de Leo Weiner. Béid Komponiste sti méiglecherweis dowéinst haut manner op Concertsprogramme wéi Bartok a Kodaly. Den éisträicheschen Dirigent Roberto Paternostro huet sech an der Lescht intensiv mam Ernst von Dohnanyi senger Musek auserneegesat a scho seng romantesch Symphonie an d'Suite opus 36 opgeholl. Elo presentéiert hie mam Radiosymphonieorchester vum ORF Wien zwee fréi Wierker an déi spéit amerikanesch Suite zesumme mat der "Serenade" vum Leo Weiner.