CD-Klassik
Highlights aus "Porgy and Bess"
D'New York Times huet "Porgy and Bess" als eng "American Folk Opera" bezeechent. Eng vun deene éischten us-amerikaneschen Operen, déi musikalesch alles vermëscht, wat d'USA deemools vu Musek staark gepräägt huet: Klassik, Spiritual-, Blues- an Jazzmusek. De Philadelphia Orchestra huet ënner der Direktioun vun der Marin Alsop d'Highlights vu "Porgy and Bess" opgeholl an entspriechend dem Wonsch vum Gershwin exklusiv afro-amerikanesch Solisten an en afro-amerikanesche Chouer agesat. D'Interpreattioun ass mat héichemotionale Momenter an allen Hisiichte gelongen. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.