CD-Klassik
Eng Libeserklärung un Haiti
13 min
Mam Disk "Haïti mon amour" dréckt d'Pianistin Célimène Daudet hir Léift zu hire karibeschen Originnen aus. Mat Komponiste wéi Lamothe, Elie oder Saintonge léiere mir Haïti anescht kennen. Hir Musek kléngt wéi europäesch Romantik, vermëscht mat Volleksmusek an Dänz vun der Insel. Vill Melancholie an Nostalgie, mee och douce Sonnestrale fléissen duerch d'Fangere vun der Pianistin Célimène Daudet. De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.