Panorama
Panorama
13 min
Nom Police-Asaz zu Ettelbréck mat engem Doudege géif d'Verhale vun der Police op de soziale Reseaue kritiséiert ginn, behaapt d'CSV Fraktioun. Si fuerdert Erklärunge vum zoustännege Minister Henri Kox
Wéinst der Corona Pandemie géif ugeholl ginn, datt zejoert eng 500 nei Fäll vu Kriibs net diagnostizéiert goufen. Dat sot d'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, de Moien als Invitée vum Dag op eiser Antenn
Déi éischt Covid-Impfungen an de Cabinete vun den Dokteren zu Lëtzebuerg ginn am Laf vun dëser Woch ugebueden
De Pilotprojet fir d'Behandlung vu Long-Covid ass ugelaf. Betraff si Leit, déi dräi Méint no enger Virus-Erkrankung nach ëmmer Symptomer hunn
Déi däitsch Police mécht verstäerkt Kontrolle wéinst den neie Corona-Areesbestëmmungen an Däitschland
Zu Berlin hu gëschter Dausende Leit trotz engem Demonstratiounsverbuet géint d'Corona-Mesurë protestéiert, 600 Leit wiere festgeholl ginn, esou d'Police
A Groussbritannie gëlle vun haut u manner streng Arees-Bestëmmunge fir EU- an US-Bierger. Si mussen no der Arees net méi an eng Quarantän, wa si komplett geimpft sinn
Déi belarussesch Olmypia-Leeferin Kristina Timanowskaja wier a Sécherheet, si hätt d'Nuecht an engem Hotel beim Flughafen zu Tokio verbruecht, dat sot e Spriecher vum internationalen Olympesche Kommitee