CD-Klassik
Matgrënner vun der polnescher Musekstraditioun
11 min
Am Fong ass de Jozef Elsner op Wien gaangen, fir Medezin ze studéieren. Mee do war hie scho laang vum musikalesche Virus infizéiert. A senger polnescher Heemecht hat de Jozef Elsner Gei geléiert an huet am Chouer gesongen. No sengem Museksstudium zu Wien gëtt den Elsner eng vun deene bedeitendste polnesche Musekerperséinlechkeeten am fréien 19. Joerhonnert, e Matgrënner vun der polnescher Musekstraditioun. Elo gëtt et dem Elsner seng éischt Sträichquartetter als Première op Disk.