CD-Klassik
La Naissance de Vénus
12 min
Alles fir dem Roi-Soleil ze gefalen - dat war eng Devise vum Jean-Baptiste Lully, dee mat senger Musek fir deen néidegen Divertissement um Haff zu Versailles gesuergt huet. De Louis XIV a säin Entourage hunn ëmmer op nei Spectaclë gegammst, Spectaclë, déi dacks eng grouss politesch Symbolik haten an Deel vun der monarchescher Representatioun waren. Heizou gehéiert och de Ballet royal La Naissance de Vénus, deen de Christophe Rousset elo mat Les Talens lyriques opgeholl huet.