CD-Klassik
De Bléck vu baussen
13 min
Ënner dem Titel "Le violoncelle à l'école de Paris" proposéieren de Wen-Sinn Yang an den Olivier Triendl sechs ganz Wierker fir Cello a Piano aus dem 20. Joerhonnert. Trotz dem Titel ass um Programm keen ee franséische Komponist vertrueden, mee auslännesch Museker, déi an der franséischer Haaptstad gelieft hunn. D'Resultat vun dëser Konstellatioun si ganz ënnerschiddlech Kompositiounen, an deenen een d'Wuerzele vun de Komponisten hiren Heemechtslänner däitlech eraushéiert. De Luc Boentges huet an dësen Album eragelauschtert.