CD-Klassik
Eine Alpensinfonie
Am Alter vu 15 Joer hat de Richard Strauss sech op enger Biergwanderung verlaf a war an e Wieder geroden. Dës Erfarung an och spéider de Bléck aus sengem Büro zu Garmisch-Partenkirchen op déi majestéitesch Bierger hunn de Komponist zu enger vu senge populäersten Toundichtungen inspiréiert: "Eine Alpensinfonie". Den 28. Oktober 1915 dirigéiert de Richard Strauss d'Uropféierung zu Berlin. Vu Berlin kënnt elo och eng nei Opnam mam Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin ënner dem Vladimir Jurowski.