Panorama
Panorama
Am Afghanistan hunn d'Taliban d'Kontroll vun der Haaptstad Kabul iwwerholl. No 20 Joer kontrolléieren d'Taliban elo praktesch nees dat ganzt Land
D'USA an aner Länner sinn amgaang Personal a Landsleit ze evakuéieren. D'Taliban soen, d'Populatioun bräicht keng Gewalt ze fäerten. Et soll e friddleche Muechtwiessel ginn
Op Haiti ass de Bilan nom Äerdbiewe weider geklommen. Op d'mannst 1.300 Leit koumen ëm d'Liewen
Am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg kann ee sech vun haut un ouni Rendez-vous géint Covid-19 impfe loossen
An Deeler vu Japan huet et nees staark gereent, d'Situatioun an den iwwerschwemmte Regioune bleift ugespaant
An Däitschland kënnen d'Leit vun haut u per Post fir d'Bundestagswal wielen