arrow_back_ios
CD-Klassik
Friendship
D'Braatschistin Lena Eckels, d'Mezzosopranistin Sophie Harmsen an d'Pianistin Simone Wolf proposéiere mat hirem aktuellen Disk "Friendship" e Programm mat Wierker vum Komponist a Pianist Johannes Brahms a vum Geiist a Komponist Joseph Joachim. Déi dräi Musekerinnen interpretéiere Stécker, déi een als Symbol fir d'Frëndschaft tëschent deenen zwee Komponiste verstoe kann. Dobäi iwwerzeege si net nëmme mat hirem waarme ronne Klang.