Klassik aktuell
Gesang vum Liewen
Den 20. Mäerz 1212 gëtt d'Klouschter St. Thomas zu Leipzig gegrënnt, an deem vun Ufank u Bouwe fir de Gesang suergen. D'Grënnung vun dësem Klouschter an domat och dem weltbekannten Thomanerchouer ass de Startpunkt vum Hagen Kunze senger Biographie iwwer d'Museksmetropol Leipzig mam Titel "Gesang vom Leben". Op 300 Säite packt hien et d'Stad aus dem Bléckwénkel vun der Musek op eng kuerz, interessant, deels witzeg an awer och kritesch Aart a Weis ze betruechten, mengt de Luc Boentges.