CD-Klassik
Al Intégrale mat neiem Dirigent
Wéinst der Corona-Pandemie konnt de Johannes Klumpp den 13. November 2020 säin éischte Concert als Chefdirigent vun den Heidelberger Sinfoniker net realiséieren. Elo, kee Joer méi spéit, publizéiert hie säin éischten Disk: Et ass d'Fortsetzung vum Orchester sengem ambitionéierte Projet sämtlech Haydn-Sinfonien opzehuelen. Mat senger éischte Kontributioun zu dëser Intégrale als Chefdirigent kann de Johannes Klumpp iwwerzeegen, mengt de Luc Boentges.