CD-Klassik
Wierker an zwou Fassungen
Alles an allem 17 Diske wëllt de Florian Uhlig mat senger Intégrale vum Robert Schumann senge Wierker fir Piano fir zwee Hänn fëllen. Dobäi sti verschidde Wierker direkt zweemol op der Affiche. Thematesch sortéiert proposéiert de Pianist op senger aktueller Sortie aus dëser Serie nämlech Wierker an hirer zweeter Versioun. Um Programm stinn déi vum Schumann iwwerschaffte Kompositioune Grande Sonate, Etudes en forme de Variations an Impromptus über ein Thema von Clara Wieck.