Panorama
Panorama
Zu Kabul konnt eng vun den néng Persounen, mat Bezuch zu Lëtzebuerg, an de Flughafen erakommen. Si soll elo an d'EU evakuéiert ginn
Fir bei der Evakuatioun vu weideren aacht Persounen ze hëllefen, schéckt Lëtzebuerg e Member vun der Arméi an eng Persoun aus dem Ausseministère an déi afghanesch Haaptstad
D'USA hale weider um Delai fest, fir d'Evakuatiounen zu Kabul bis den 31. August ofzeschléissen. Eng Verlängerung wier den Ament net geplangt, esou e Spriecher vum Pentagon
D'Länner vum G7 Grupp wëllen de Mëtteg op engem virtuelle Sommet iwwer d'Kris am Afghanistan beroden. Am Virfeld hu Groussbritannien, Däitschland a Frankräich gefuerdert, datt d'Evakuatiouns-Missioun misst verlängert ginn
No den Iwwerschwemmungen am Juli seet en internationale Grupp vu Klimafuerscher: Extreem staarke Reen wier zu Lëtzebuerg wéinst dem Klimawandel méi probabel a méi intensiv ginn
Och Pole wëllt en Zonk un der Grenz mat Belarus opriichten, fir déi illegal Migratioun ze stoppen
Zu Tokio fänken haut déi Paralympesch Spiller un. Fir Lëtzebuerg ass den Tom Habscheid am Kugelstoussen mat derbäi. Säin Zil wier fir op de Podium ze kommen, sot hien op eiser Antenn